Zenter Oktober 2024 huet Missio Kannermissiounswierk Lëtzebuerg eng Kooperatioun mat der Pita Kuning Fondatioun an enger Kaffisréischterei an Indonesie Zil ass e laangfristeg Zesummenaarbecht sécherstellen an Hëllef gi wou si gebraucht gëtt.
Donieft ënnerstëtzt d’Kannermissiounswierk och aner Projeten uechter d’Welt mat deene Suen déi duerch Aktivitéite vun de Kanner, an de Katechesgruppen am Land an duerch Parinitiativen, wou mir immens dankbar si fir all Suen déi mir kréien.
D’Fondatioun Pita Kuning ass am Joer 2007 gegrënnt gi fir Kanner mat Kriibs an hire Familljen ze hëllefen. Hir Missioun ass:
- Liewensqualitéit vun de Kanner verbesseren
- hinnen Zougank zou Behandlung erméiglechen
- hinnen emotional Ënnerstëtzung ginn
- hir Famille wärend dëser schwéierer Zäit ënnerstëtzen.
Si kënnen Hëllef kréien an de Beräicher psychologesch Betreiung, Schoulmaterial a Coursen, medezinesch Material a Transportkäschten, Traitement, Wann d’Kand stierft och fir d’Begriefneskäschten an Trauerbegleedung.
Doriwwer eraus mécht d’Fondatioun och aner Offerte wéi mol e klenge Kaddo, eng Feier mat aneren, Fräizäitaktivitéiten etc..
De Kaffi den zugonschte vum Projet an Indonesie verkaf gëtt kann en nëmmen direkt bei MISSIO bezéien!
Weider Informatiounen fënnt dir op eisem Site www.missio.lu oder
am Centre MISSIO 21, Route de Luxembourg. 3253 Bettembourg: Tel.: 45 32 61