Eng vun den Missioune vun der Prisongsaumônerie zu Schraasseg an um Uerschterhaff ass et, de Prisonnéier, déi dat wëllen, d’Helleg Schrëft zur Verfügung ze stellen. Fir hir Sich no Glawen a Spiritualitéit ass d’Bibel fundamental. Hei fanne si och Trouscht an eng Hëllef, hirt Liewen nei op Gott an d’Mënschen auszeriichten.
Reegelméisseg offréiert d’Prisongsaumônerie Bibelen a verschiddene Sproochen. Scho mat 25 Euro kënnt Dir engem Prisonnéier eng Bibel schenken.
Wann Dir hinnen iwwer dëse Wee hëllefe wëllt, da klickt hei! Merci fir all Geste!