Am Kader vum Projet “Valorisatioun vun der Kathedral” huet d’Kierchefabrick vun Notre-Dame decidéiert, eng weider Tapisserie ze restauréieren. De Wandteppech mam Titel “La révélation de Dieu à Gédéon”, deen op der lénker Säit am ale Chouer hänkt, gëtt vun der Manufacture royale De Wit vu Mechelen, déi och schonn zwee aner Wandteppecher vun der Kathedral a Stand gesat hat, restauréiert. De Käschtepunkt beleeft sech op 18.356 Euro.
Ënnerstëtzt och Dir de Projet vun der Valorisatioun vun der Kathedral mat Ärem Don. Merci fir all Geste!
Fir de Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

