Blog

De Fonds d’avenir ënnerstëtzt de Bistum

Ufank Mäerz 2025 hat d’Fondatioun 133.811 Euro un de Bistum iwwerwisen, fir sech esou un de Käschte vun de Paie fir jonk Priister a Laien am kierchlechen Déngscht ze bedeelegen. Ufank Februar 2026 konnt d’Fondatioun op en Neits de Bistum ënnerstëtzen, dës Kéier mat 166.186 Euro fir den Exercice 2025.

Zanter senger Grënnung virun 11 Joer konnt de Fonds d’avenir e Kapital vu bal 4 Milliounen Euro opbauen. Fir 2025 hunn d’Placementer vun dësem Kapital 166.186 Euro un Zënse generéiert.

Mir si frou an houfreg als Fondatioun Sainte-Irmine, datt de Fonds d’avenir nees Friichten dréit! Mat Ärem Don hëlleft Dir net nëmmen eng Kéier, mee ëmmer erëm.

Merci allen Donatricen an Donateure fir hir Ënnerstëtzung an hir Trei!

Och Dir kënnt de Fong ënnerstëtze mat engem Don, engem Ordre permanent, enger Schenkung oder engem Testament.

Wann Dir Iech um Fonds d’avenir bedeelegen an esou d’Akteure vun der Pastoral vun der Kierch ënnerstëtze wëllt, klickt hei!