Aktivitéitsrapport 2025
Fir d’zweete Kéier dréit de Fonds d’avenir Friichten!
De Verwaltungsrot an d’Ekipp vun der Fondatioun soen Iech villmools Merci fir dat gutt Joer 2025 a freeë sech drop, am Joer 2026 mat Iech sou zesummen no vir ze kucken! Hei en Iwwerbléck iwwer d’Aktivitéiten an d’Resultat vun der Fondatioun am Joer 2025.
Am Joer 2025 konnt d’Stëftung d’Unzuel vun den Donateuren an hiert järlecht Resultat stabiliséieren. Allen Donatricen an Donateuren, déi hir hiert Vertraue schenken, en häerzleche Merci dofir!
D’Haaptprojete vun der Fondatioun sinn de Fonds d‘avenir, d’Tëleesmass an de Kierchefong (Kierchefabricken a Poren).
1. D’Joer an Zuelen
Gesamtzomm, déi 2025 erakomm ass: 1.164.183,32.- Euro
Projeten, déi 2025 ënnerstëtzt goufen: 25
Zuel vun Donen: 6.097
Zuel vun Donateuren/Donatricen: 3.137
Zomm, déi fir de Fonds d’avenir erakomm ass: 307.677.- Euro
2. Neiegkeete vun de Projeten
Nei Projeten
Zënter 2025 ënnerstëtzt d’Fondatioun en neie Projet vum JRS (Jesuit Refugee Service): Ubuntu rebondit a solidaresch Sproochecoursen. Dëse Projet, deen sech u jonk Erwuessener, Flüchtlingen an deplacéiert Persounen, riicht, bitt hinnen e Raum, fir sech ze treffen an sech wëllkomm ze spieren; donieft ginn och Visitten an de „Centres de rétention“ organiséiert. Dëse Projet offréiert och franséisch Sproochecoursen, fir d’Integratioun vun dëse jonke Leit ze erliichteren.
Am September 2025 huet d’Fondatioun e neie Projet opgeholl: Humanitär Hëllef vum „Ordre du Saint-Sépulcre de Jérusalem“, deen hëlleft, d’kathoulesch Kierch am Hellege Land ze ënnerstëtzen an hei eng lieweg chrëschtlech Presenz ze erhalen.
Doriwwer eraus huet de Verwaltungsrot vun der Fondatioun bei senger Sëtzung am Dezember 2025 zwee nei Projete approuvéiert: Kambodscha/Vietnam 2026, fir eng nei Pilgerrees vun der Jugendpastoral ze ënnerstëtzen, souwéi d’Harambee-Universitéitsstipendium, fir et engem kapverdianesche Priister ze erméiglechen, an Zukunft zu Lëtzebuerg ze studéieren.
Ofgeschlosse Projeten
Enn Januar 2025 hat d’Äerzdiözees hir pastoral Zesummenaarbecht mat der Brudderschaft Verbum Spei ofgeschloss; d’Stëftung Sainte-Irmine huet dowéinst hir Projeten Thumos a Formation des Frères zougemaach.
Vum 8. Dezember 2024 bis de 25. Mee 2025 huet d’Marianescht Jubiläumsjoer stattfonnt, fir de 400. Anniversaire vun der Veréierung vun der Consolatrix, der Tréischterin am Leed, ze feieren.
Am August huet eng Pilgerrees vun der Jugendpastoral ronn véierzeg jonk Leit an Thailand gefouert, op de Spuere vum Vollek vun de Karen.
Verlängerung vun aktuelle Projeten
Am Laf vum Joer goufen d’Conventioune mat de Projete vun der Maison Iñigo an der Restauratioun vun der Kapell vum Christ-Roi verlängert, grad wéi och de Projet vun de Formatiouns- a Fuerschungsaktivitéite vun der LSRS.
Héichpunkte vun der Stëftung
Am Februar 2025 huet d’Fondatioun am Kader vum Projet “ Erhalt vum reliéise Patrimoine” d’Konservatioun vun der Risebibel vu Sankt Maximin ënnerstëtzt. D’Nationalbibliothéik vu Lëtzebuerg, déi dës mëttelalterlech Handschrëft aus dem 11. Joerhonnert wéinst hirem direkten Zesummenhang mam Iechternacher Skriptorium viru kuerzem kaaft hat, huet e Spendenopruff lancéiert, fir dës riseg Bibel ze konservéieren an un déi nächst Generatiounen weiderzeginn. De Verwaltungsrot vun der Fondatioun huet decidéiert, 3.000.- Euro fir dëse Projet ze iwwerweisen.
No der Restauratioun vun zwou groussen Tapisserien am Kader vum Projet “Valorisatioun vun der Kathedral” gouf 2025 en zweete Projet ofgeschloss: dat schéint Eisegitter, dat fréier ronderëm den Altorraum vun der Krypta gaangen ass, gouf restauréiert an nei installéiert. Dank Äre Spende konnt d’Fondatioun am Joer 2025 9335.- Euro zu dësem Projet bäisteieren.
Am Kader vum Projet „E Kaddo fir de Poopst“’ hat d’Fondatioun am Joer 2024 am ganze 455 Done kritt (Gesamtzomm: 179.930.- Euro).
Ursprénglech war et geduecht, datt de Kaddo fir de Poopst fir d’Aarbecht vum Dicastère fir den Déngscht vun der Baarmhäerzegkeet (Apostolesch Aumônerie) am Vatikan benotzt géif ginn. Wärend sengem Besuch zu Lëtzebuerg huet de Poopst Franziskus spontan säi Wonsch ausgedréckt, datt d’Geld vun dësem “Kaddo” zu Lëtzebuerg bleiwe sollt an do benotzt géif ginn, fir den Aarmen, de Benodeelegten an de Flüchtlingen ze hëllefen.
Eng éischt Tranche vun 100.000.- Euro gouf am Februar 2025 u verschidden Organisatiounen weidergeleet:
– Diözesanprojet “Reech eng Hand”: 30.000.- Euro (15.000.- Euro fir d’Ënnerstëtzung vun enger pakistanescher kathoulescher Famill, déi wéinst hirem Glawen hiert Doheem huet musse verloossen, a 5.000.- Euro fir all eenzel vun deenen dräi lokale Gruppen „Reech eng Hand“ vu Bartreng-Stroossen, Déifferdeng an Iewescht Syr);
– Projet “Ubuntu rebondit” vum Jesuit Refugee Service Luxembourg : 30.000.- Euro;
– Tricentenaire asbl – Déngschter fir Leit mat Behënnerungen : 20.000.- Euro;
– Mouvement ATD Quart Monde Luxembourg: 15.000.- Euro;
– Associatioun “Noël de la rue”: 5.000.- Euro.
– Associatioun “Noël de la rue”: 5.000.- Euro.
Zousätzlech huet d’Äerzdiözees vum 13. bis de 17. November 2025 am Kader vu Fratello eng Pilgerrees vun deenen Aarmen op Roum organiséiert, dëst am Kader vum Jubiläumsjoer 2025. Ronn véierzeg Leit aus Lëtzebuerg hunn deelgeholl. De „Kaddo vum Poopst” huet d’Käschte gedeckt, déi sech op 25.000.- Euro belaf hunn.
Am Kader vun der Formatioun vun de Seminaristen am Grand Seminaire an am Seminaire Redemptoris Mater huet d’Fondatioun Sainte-Irmine d’Käschte fir d’Wantersemester 2024–2025 an d’Summersemester 2025 iwwerholl. Konkreet goufe Sproochecoursen (Lëtzebuergesch a Franséisch) an Theologiecoursen, déi vun externen Enseignanten gehale goufen, mat 17.121,69.- Euro finanzéiert. Zousätzlech huet d’Fondatioun d’Participatioun vun zwee Seminaristen aus dem Seminaire Redemptoris Mater un der Pilgerrees “Thailand 2025” (4.400.- Euro) iwwerholl.
De 7. Dezember 2025 huet d’Fondatioun sech mat verschiddene Projetsresponsabelen zu Miersch getraff, fir wärend enger Tëleesmass fir d’Gelenge vun hire Projeten ze bieden a fir Merci ze soe fir d’Aktivitéiten, déi am Joer 2025 duerchgefouert konnte ginn. Gläichzäiteg gouf och fir déi lieweg a verstuerwen Donatricen an Donateure vun der Fondatioun gebiet. En häerzleche Merci geet un d’Projetsresponsabel an d’Membere vun de Kierchefabricken, déi fir dës Geleeënheet op Miersch komm sinn, un d’Chéier aus der Par Miersch an un de Paschtouer Félix Steichen fir säin Accueil.
Zanter kuerzem gëtt et eng nei Gemeinschaft zu Lëtzebuerg: Obra de Maria, déi sech speziell un d’portugiseschsproocheg Gemeinschaften hei am Land riicht. D’Gemeinschaft besteet aktuell aus zwee Priister a zwee Laien. Fir hinnen an der éischter Phase vun hirer pastoral Aarbecht zu Lëtzebuerg ze hëllefen, huet de Verwaltungsrot hinne 40.000.- Euro accordéiert. Dës Zomm gëtt duerch Donen ouni spezifeschen Zweck finanzéiert, déi d’Fondatioun Sainte-Irmine am Joer 2025 kritt huet.
4. De Fonds d’Avenir dréit fir dat zweet Joer Friichten
De Fonds d’avenir huet d’Zil, Mëttel ze sammelen, fir Gehälter vun de jonke Priister a Laien am kierchlechen Déngscht ze finanzéieren, déi zënter 2017 vun der Äerzdiözees Lëtzebuerg agestallt goufen. Am Mäerz 2025 goufen d’Zënse vun de finanzielle Placementer vum Fonds d‘avenir, am ganzen 133.811.- Euro, eng éischte Kéier un den Äerzbistum iwwerwisen, fir esou dozou bäizedroen, Gehälter ze bezuelen.
Am Februar 2026 huet d’Stëftung, dank der Generositéit vun hire Spender, fir dat zweet Joer hannerteneen e Montant vun 166.186.- Euro un den Äerzbistum weidergeleet, fir Gehälter ze finanzéieren.
5. Intern Aarbecht
Am Joer 2025 huet sech de Verwaltungsrot vun der Fondatioun dräimol getraff, mat engem besonnesche Fokus op seng Struktur an den Organigramm am Sënn vun enger gudder Gouvernance an Transparenz.
D’Broschür, déi d’Projeten op ee Bléck virstellt, gouf am Laf vum Joer dräimol iwwerschafft, mat Aktualiséierungen zu neien an ofgeschlossene Projeten.
D’Ekipp vun der Fondatioun huet och Courrier un d’Donateure geschéckt: am Mäerz per E-Mail fir de Joresrapport, an am November per Post un d’Donateure vun der Tëleesmass, fir si iwwert d’Tëleesmass de 7. Dezember, déi vun der Stëftung organiséiert gouf, ze informéieren.
Doriwwer eraus huet d’Fondatioun eng Chrëschtkaart un all hir aktiv Donateure geschéckt, fir hinnen e schéint Chrëschtfest ze wënschen.
6. Spenden, déi am Joer 2025 erakomm sinn an a Projeten investéiert goufen
Am Joer 2025 huet d’Fondatioun Donen an Donatiounen am Gesamtwäert vun 1.164.183,32.- Euro kritt: eng Zuel, déi am Verglach mam viregte Geschäftsjoer relativ stabil bliwwen ass. Déi Projeten, déi am Joer 2025 déi meescht Ënnerstëtzung duerch d’Donateure kritt hunn, waren, wéi an de Joren 2023 an 2024, de Fonds d‘avenir, de Kierchefong (Poren a Kierchefabricken) an d’Tëleesmass. Déi zwee Diagrammer hei drënner ginn en Iwwerbléck iwwer d’Zomm, déi pro Projet erakomm ass, souwéi iwwer den Undeel pro Projetskategorie um Gesamtmontant a Prozenter.
De Verwaltungsrot an d’Ekipp vun der Fondatioun soen allen Donatricen an Donateure villmools Merci fir hir Generositéit an hir Trei am Joer 2025.
De finanzielle Bilan vum Exercice 2025 vun der Fondatioun Sainte-Irmine, zesumme mat den auditéierte Konten, sinn am Juni 2026 disponibel.
Fir méi iwwert eis Projeten an d’Aktivitéite vun der Fondatioun an hire Partner erauszefannen, besicht eisen Internetsite: www.irmine.lu.
Hutt Dir eng Fro oder eng Ufro? Mir si gäre fir Iech do: info@irmine.lu , Tel. 462023.








