{"id":37077,"date":"2023-03-27T14:34:11","date_gmt":"2023-03-27T12:34:11","guid":{"rendered":"https:\/\/irmine.lu\/?page_id=37077"},"modified":"2023-06-29T10:55:14","modified_gmt":"2023-06-29T08:55:14","slug":"joresrapport-2022","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/irmine.lu\/lu\/joresrapport-2022\/","title":{"rendered":"Aktivit\u00e9itsrapport 2022"},"content":{"rendered":"<p>[vc_row][vc_column][vc_column_text]<span style=\"font-size: 18pt; color: #004b87;\">Aktivit\u00e9itsrapport 2022<\/span><\/p>\n<p><em>\u201cVirun 10 Joer hu mir verschidde pastoral Projete vun der kathoulescher Kierch<\/em> <em>zu L\u00ebtzebuerg \u00c4rer Generosit\u00e9it uvertraut, andeems datt mir d\u2019Fondatioun Sainte-Irmine gegr\u00ebnnt hunn, d\u00e4r hiert \u00e9ischt Zil et ass, d\u2019pastoral Entw\u00e9cklung vun der Kierch ze f\u00ebrderen an innovativ Projeten ze \u00ebnnerst\u00ebtzen. Zanter hier ass d\u2019St\u00ebftung kontinu\u00e9ierlech gewuess \u2013 d\u00ebst dank \u00c4rer H\u00ebllef, l\u00e9if Donatricen, l\u00e9if Donateuren. Dofir e ganz h\u00e4erzleche Merci! <\/em><\/p>\n<p><em>D\u2019Kierch vu muer brauch eis all!\u201d<\/em><\/p>\n<p><em>Kardinol Jean-Claude Hollerich, President vun der Fondatioun Sainte-Irmine<\/em><\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>2022 huet d\u2019Fondatioun hiren 10. Gebuertsdag gefeiert: den 30. November 2012 gouf an engem Arr\u00eat\u00e9 grand-ducal, dee vum Justizminist\u00e8re ausgestallt gouf, d\u2019Schafung vun der Fondatioun erlaabt, d\u00e9i offiziell den 9. November 2012 constitu\u00e9iert gi war.<a href=\"https:\/\/irmine.lu\/lu\/rapport-dactivites-2022\/chiffre-annuel-par-annee\/\" rel=\"attachment wp-att-37072\"><img decoding=\"async\" class=\" wp-image-37075 alignright\" src=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/chiffre-annuel-par-annee.jpg\" alt=\"\" width=\"509\" height=\"344\" srcset=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/chiffre-annuel-par-annee.jpg 712w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/chiffre-annuel-par-annee-300x203.jpg 300w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/chiffre-annuel-par-annee-400x270.jpg 400w\" sizes=\"(max-width: 509px) 100vw, 509px\" \/><\/a><\/p>\n<p>W\u00e4rend dem Exercice 2022 huet d\u2019Fondatioun am ganzen 2.040.832\u20ac gesammelt, g\u00e9intiwwer 1.521.014\u20ac am Joer 2021, wat enger Erh\u00e9ijung vun den Done vu 34% entspr\u00e9cht. Um Niveau vun de Recette war 2022 dat beschte Joer vun der St\u00ebftung s\u00e4it hirer Gr\u00ebnnung; d\u00ebst exzellent Resultat ass zum Deel op zwou Ierfschaften a verschidde besonnesch grouss Donen, d\u00e9i am Laf vum Joer erakomm sinn, zr\u00e9ckzef\u00e9ieren. D\u2019Fondatioun huet am ganze 5.325 Done krut, an dob\u00e4i m\u00e9i Donateuren an Donatricen erreecht w\u00e9i 2021 (2.875 Donateuren 2022 g\u00e9intiwwer 2.621 am Joer 2021).<\/p>\n<p>D\u2019Fondatioun freet sech iwwer d\u00e9i m\u00e9i grouss Generosit\u00e9it vun den Donateuren, \u00ebnnert anerem fir d\u2019Wierker vu MISSIO \u2013 dank enger Ierfschaft \u2013 a fir d\u2019Restaur\u00e9ierung vun der Uergel an der Kathedral. Och den Zukunftsfong koum an de Genoss vun enger Ierfschaft.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p><span style=\"color: #004b87;\"><strong><em><span style=\"font-size: 14pt;\">Nei Projeten, d\u00e9i 2022 lanc\u00e9iert goufen<\/span> <\/em><\/strong><\/span><\/p>\n<p>2022 war e Joer, andeem d\u2019Fondatioun Sainte-Irmine sech weiderentw\u00e9ckelt huet. 4 nei Projeten konnt d\u2019Fondatioun ophuelen.<\/p>\n<p>Am Mee hunn d\u2019Bridder vu Verbum Spei 2 nei Projete gestart: d\u2019Formatioun vun de Bridder vun der Brudderschaft an Thumos fir d\u2019Missioun um Unicampus um Belval.<\/p>\n<p>Am Juli du war et un der Gemeinschaft vum Christ-Roi, fir mat dem Haus I\u00f1igo en neie Projet ze lanc\u00e9ieren, d\u00ebst ass en Uert, deen direkt un d\u2019Kapell um Belair uschl\u00e9isst an eng Partie pastoral Aktivit\u00e9iten \u00ebnnert engem Daach vereent.<\/p>\n<p>Och zanter Juli g\u00ebtt et e Projet vun der LSRS (Luxembourg School of Religion &amp; Society) fir d\u2019\u00cbnnerst\u00ebtzung vun den Formatiouns- a Rechercheaktivit\u00e9iten um Site vum Centre Jean XXIII.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/irmine.lu\/lu\/save-the-date-esch-2022\/brochure-esch-2022-2\/\" rel=\"attachment wp-att-36058\"><img decoding=\"async\" class=\" wp-image-36058 alignright\" src=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/Brochure-Esch-2022.jpg\" alt=\"Brochure Esch 2022\" width=\"221\" height=\"315\" srcset=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/Brochure-Esch-2022.jpg 521w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/Brochure-Esch-2022-211x300.jpg 211w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/Brochure-Esch-2022-400x570.jpg 400w\" sizes=\"(max-width: 221px) 100vw, 221px\" \/><\/a><\/p>\n<p><span style=\"color: #004b87; font-size: 14pt;\"><strong><em>Projeten, d\u00e9i 2022 ofgeschloss konnte ginn<\/em><\/strong><\/span><\/p>\n<ul>\n<li><span style=\"color: #a09958; font-size: 14pt;\"><strong>Esch 2022<\/strong><\/span> mat 53.222\u20ac a 4 Joer.<\/li>\n<\/ul>\n<p>De Projet <em>Esch 2022 \u2013 Zesummen, wann och verschidden, <\/em>deen am Kader vun <em>Esch 2022 \u2013 europ\u00e4esch Kulturhaaptstad<\/em>organis\u00e9iert gouf, huet et erlaabt, d\u2019Liewen, d\u2019Kultur an d\u2019Dynamik vun der kathoulescher Kierch an hir Verbonnenheet mat der lokaler Populatioun ze weisen an d\u2019Zesummenaarbecht mat den anere Glawensgemeinschaften ze \u00ebnnerstr\u00e4ichen. Concerten, Konferenzen, eng interreli\u00e9s Feier, e solidaresche Maart a Visitte vu Kierchen: d\u00e9i s\u00ebllechen Evenementer hunn zu engem sch\u00e9ine Bild vun der Kierch zu Esch-Uelzecht b\u00e4igedroen, d\u00ebst dank enger ganz dynamischer Organisatiounsekipp.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<ul>\n<li><span style=\"color: #a09958;\">D\u2019<span style=\"font-size: 14pt;\"><strong>Uergel vun der Kathedral<\/strong><\/span><\/span> gouf 2022 mat 73.344\u20ac zu Gonschte vun der Fondatioun Sainte-Irmine \u00ebnnerst\u00ebtzt.<\/li>\n<\/ul>\n<p><a href=\"https:\/\/irmine.lu\/lu\/aweiung-vun-der-restaureierter-symphonescher-uergel-vun-der-kathedral\/20221126-inauguration-orgue-2\/\" rel=\"attachment wp-att-36435\"><img decoding=\"async\" class=\"wp-image-36435 alignleft\" src=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/20221126-inauguration-orgue.jpg\" alt=\"Olivier L.atry Orgue Luxembourg\" width=\"300\" height=\"200\" srcset=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/20221126-inauguration-orgue.jpg 1656w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/20221126-inauguration-orgue-300x200.jpg 300w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/20221126-inauguration-orgue-1024x683.jpg 1024w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/20221126-inauguration-orgue-768x512.jpg 768w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/20221126-inauguration-orgue-1536x1024.jpg 1536w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/20221126-inauguration-orgue-958x639.jpg 958w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/20221126-inauguration-orgue-600x400.jpg 600w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/20221126-inauguration-orgue-400x267.jpg 400w\" sizes=\"(max-width: 300px) 100vw, 300px\" \/><\/a>E Samschdeg, de 26. November, no Aarbechte vun zwee an engem halwe Joer, konnt de Kardinol Jean-Claude Hollerich d\u2019Haupt-Uergel seenen; duerno huet den Olivier Latry, Titularorganist vun Notre-Dame zu Par\u00e4is, den \u00e9ischte Concert gespillt, d\u00ebst an der Presenz vum Grand-Duc Henri an enger ganzer Partie \u00c9iereg\u00e4scht.<\/p>\n<p>De Projet vun der Uergel ass dee Projet vun der Fondatioun, bei deem de Montant vun den Donen am h\u00e9chste war: am Schn\u00ebtt 480\u20ac pro Don am Joer 2022.<\/p>\n<p><em><span style=\"color: #a09958;\">Och wann d\u2019Restaur\u00e9ierung vun der Uergel ofgeschloss ass, sou ass dach de Projet vun der Haupt-Uergel an der Kathedral nach net ganz ofgeschloss: engers\u00e4its waren d\u00e9i reell K\u00e4schte m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i d\u00e9i uerspr\u00e9nglech Devise vun den Entreprisen, anerers\u00e4its mussen nach Fonge fonnt ginn fir d\u00e9i nei Lautsprecheranlag an der Kathedral, e Projet, deen zesumme mat deem vun der Restaur\u00e9ierung vun der symphonescher Uergel realis\u00e9iert gouf.<\/span> <\/em><\/p>\n<p><span style=\"color: #004b87; font-size: 14pt;\"><strong><em><img decoding=\"async\" class=\"aligncenter wp-image-37473 size-large\" src=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/Camembert-2022-1024x759.png\" alt=\"Rapport annuel 2022\" width=\"680\" height=\"504\" srcset=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/Camembert-2022-1024x759.png 1024w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/Camembert-2022-300x223.png 300w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/Camembert-2022-768x570.png 768w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/Camembert-2022-1536x1139.png 1536w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/Camembert-2022-2048x1519.png 2048w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/Camembert-2022-958x711.png 958w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/Camembert-2022-400x297.png 400w\" sizes=\"(max-width: 680px) 100vw, 680px\" \/>Projeten, d\u00e9i d\u2019Joer 2022 mark\u00e9iert hunn<\/em><\/strong><\/span><\/p>\n<p>2022 huet d\u2019Fondatioun \u00ebnnert anerem d\u00ebs Projeten \u00ebnnerst\u00ebtzt:<\/p>\n<ul>\n<li>Den <span style=\"color: #a09958;\"><strong><span style=\"font-size: 14pt;\">Zukunftsfong<\/span> vun der \u00c4erzdi\u00f6zees L\u00ebtzebuerg<\/strong><\/span>, fir deen 2022 \u00a0 224 Donen erakomm sinn an deem am ganzen 603.670\u20ac abruecht huet.<\/li>\n<\/ul>\n<p>Zil vun d\u00ebsem Fong ass et, dem \u00c4erzbistum L\u00ebtzebuerg, zesumme mat anere Quellen, d\u00e9i n\u00e9ideg finanziell Ressourcen ze ginn, fir de pastoralen D\u00e9ngscht an der ganzer Di\u00f6zees an Zukunft ze assur\u00e9ieren. <strong>Enn Dezember 2022 belafe sech d\u2019Reserve vum Fong op <\/strong><strong>3.003.058,47\u20ac.<\/strong> D\u00ebs Ressource w\u00e4erten h\u00ebllefen, fir an Zukunft Geh\u00e4lter vu Priister a vu Laien am kierchlechen D\u00e9ngscht an der Suite vun der Trennung t\u00ebscht Staat a Kierchen hei zu L\u00ebtzebuerg ze finanz\u00e9ieren.<\/p>\n<ul>\n<li><span style=\"color: #a09958;\"><strong>D\u2019<span style=\"font-size: 14pt;\">T\u00ebleesmass<\/span><\/strong><\/span> mat 159.510\u20ac am Joer 2022<\/li>\n<\/ul>\n<p>Zanter 2017 muss den \u00c4erzbistum d\u2019Opnam an d\u2019Iwwerdroung vun de Sonndesmassen a vun der Oktav selwer finanz\u00e9ieren. D\u00ebse Service g\u00ebtt vu professionnellen Entreprisen assur\u00e9iert an huet en h\u00e9ije K\u00e4schtepunkt. Ma an awer ass d\u00ebst e wichtege pastorale Projet, w\u00ebll et ville Leit, d\u00e9i w\u00e9inst Alter oder Krankheet net m\u00e9i an d\u2019Kierch k\u00ebnne goen, erlaabt, um Liewe vun der chr\u00ebschtlecher Gemeinschaft deelzehuelen. D\u2019T\u00ebleesmass bleift ee vun de bel\u00e9ifste Projete vun den Donatricen an Donateuren mat am ganzen 1.038 Donen am Joer 2022.<\/p>\n<ul>\n<li><span style=\"color: #a09958;\"><strong>De <span style=\"font-size: 14pt;\">Kierchefong<\/span><\/strong><\/span> mat 219.236\u20ac<\/li>\n<\/ul>\n<p>All Joer kritt d\u2019Fondatioun Sainte-Irmine Donen, d\u00e9i si un d\u2019Kierchefabricken an d\u2019Kiercheverm\u00e9igensr\u00e9it (CGP) vum Kierchfong virug\u00ebtt: 2022 huet d\u2019St\u00ebftung esou 906 Done weidergeleet zu Gonschte vun \u00c4re Kierchen, 2021 waren et der 1.016.<\/p>\n<ul>\n<li><span style=\"color: #a09958; font-size: 14pt;\"><strong>Reech eng Hand<\/strong><\/span> mat 74.408\u20ac<\/li>\n<\/ul>\n<p><em>\u201cReech eng Hand\u201d<\/em> ass e Projet vun der kathoulescher Kierch zu L\u00ebtzebuerg, dee lanc\u00e9iert gouf vum H\u00e4r \u00c4erzb\u00ebschof am Kader vun der Migratiounskris 2015, w\u00e4rend d\u00e4r vill Fl\u00fcchtlingen op L\u00ebtzebuerg koumen. T\u00ebscht 2019 an 2021 huet d\u00ebsen di\u00f6zesane Projet zwou Famillje vun der Insel Lesbos betreit. 2022 huet Reech eng Hand seng Aarbecht zu Gonschte vun der Integratioun vu Fl\u00fcchtlingen um Terrain fortgesat, d\u00ebst dank de lokale Gruppe vu Reech eng Hand \u2013 fir n\u00ebmmen d\u00ebs ze nennen &#8211; D\u00e9ifferdeng, Iewescht Syr a Veianen, sech fir d\u2019Zesummef\u00e9iere vu Famillje mobilis\u00e9iert an d\u2019Vernetze vu verschiddenen Akteuren, fir L\u00e9isungen fir d\u2019Problemer vun d\u00ebse Leit ze fannen.<\/p>\n<ul>\n<li><span style=\"color: #a09958; font-size: 14pt;\"><strong>D\u2019Formatioun vun den zuk\u00fcnftege Priister fir L\u00ebtzebuerg<\/strong><\/span> mat 23.380\u20ac<\/li>\n<\/ul>\n<p>2022 hunn 10 Seminaristen hir Formatioun fortgesat, d\u00ebst hei zu L\u00ebtzebuerg, zu Par\u00e4is oder an der Missioun an der Belsch oder a Frankr\u00e4ich. Si kommen vu L\u00ebtzebuerg, ma och aus \u00c9istr\u00e4ich, Italien, Portugal, Brasilien, Spuenien, Ruanda an aus Kolumbien; 2023 k\u00ebnnt e Seminarist aus dem Venezuela derb\u00e4i.<\/p>\n<p>Nodeems an de leschte Joren Sproochecoursen (Frans\u00e9isch a L\u00ebtzebuergesch) finanz\u00e9iert goufen, huet d\u2019Fondatioun Sainte-Irmine 2022 de Finanzement vun de Coursen, d\u00e9i vun den ausw\u00e4ertege Professeren am Kader vun der kanounescher Formatioun a Philosophie an Theologie gehale goufen, fir d\u2019akadeemescht Joer 2021-2022 iwwerholl.<\/p>\n<ul>\n<li><span style=\"font-size: 14pt; color: #a09958;\"><strong>MISSIO \u2013 Priister fir d\u2019Welt<\/strong><\/span> mat 279.984\u20ac (dank enger Ierfschaft)<\/li>\n<\/ul>\n<p>De Parrainage vu Seminaristen ass eng Initiativ vum Hellegen-Apostel-Paulus-Wierk, dat vum Pauline Jaricot gegr\u00ebnnt gouf; am Mee 2022 gouf si an hirer Gebuertsstad Lyon a Frankr\u00e4ich s\u00e9ileg geschwat.<\/p>\n<p>MISSIO L\u00ebtzebuerg huet sech engag\u00e9iert, v\u00e9ier Seminairen ze \u00ebnnerst\u00ebtzen, fir d\u2019Ausbildung vun den zuk\u00fcnftege Geeschtlech an den Di\u00f6zeesen Nyakibanda am Ruanda, Kalondaen an der demokratescher Republik Kongo, Morning Star an Indien w\u00e9i och e Seminaire am B\u00e9nin esou ze assur\u00e9ieren.<\/p>\n<ul>\n<li><span style=\"font-size: 14pt; color: #a09958;\"><strong>MISSIO \u2013 Verbreedung vum Glawen<\/strong><\/span> mat 258.769\u20ac (dank enger Ierfschaft)<\/li>\n<\/ul>\n<p>D\u2019Wierk vun der \u201cPropagation de la Foi\u201d huet zum Zil, all Chr\u00ebscht ze motiv\u00e9ieren, d\u2019Missiounen duerch eng spirituell a materiell H\u00ebllef ze \u00ebnnerst\u00ebtzen an esou d\u00e9i gutt Noriicht ze verk\u00ebnnegen.<\/p>\n<p>Duerch e konstanten a konsequenten Engagement fir d\u2019Formatioun an d\u2019missionaresch Animatioun ginn esou gef\u00ebrdert:<\/p>\n<ul>\n<li>eng missionaresch Spiritualit\u00e9it vun de chr\u00ebschtleche Gemeinschaften an de Gleewegen;<\/li>\n<li>eng universell Solidarit\u00e9it duerch d\u2019Partizipatioun um weltw\u00e4ite Fong fir d\u2019Evangelis\u00e9iserung vun de V\u00eblker, d\u00ebst besonnesch um weltw\u00e4ite Missiounsdag, deen um zweetleschte Sonndeg am Oktober gefeiert g\u00ebtt.<\/li>\n<\/ul>\n<ul>\n<li><span style=\"color: #a09958;\">D\u2019<span style=\"font-size: 14pt;\">Formatioun vun de <strong>Bridder vu Verbum Spei<\/strong><\/span><\/span> mat 44.655\u20ac <a href=\"https:\/\/irmine.lu\/lu\/st-irmine-project\/formatioun-vun-de-bridder-vu-verbum-spei\/formation-verbum-spei-2\/\" rel=\"attachment wp-att-35324\"><img decoding=\"async\" class=\"wp-image-35324 alignright\" src=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/06\/Formation-Verbum-Spei-scaled.jpg\" alt=\"Formatioun vun de Bridder vu Verbum Spei\" width=\"301\" height=\"201\" \/><\/a><\/li>\n<\/ul>\n<p>De Projet \u201cFormation vun de Bridder vu Verbum Spei\u201d \u00ebnnerst\u00ebtzt d\u2019Formatioun vun de Bridder vun der Brudderschaft, d\u00e9i hei zu L\u00ebtzebuerg sinn.<\/p>\n<p>Verbum Spei gouf 2012 a Mexiko gegr\u00ebnnt. D\u2019Beruffung vun de Bridder ass virun allem kontemplativ, huet awer och eng apostolesch Dimensioun. Hir Spiritualit\u00e9it ass inspir\u00e9iert vun den Heeschenuerden, dofir liewe si zu engem groussen Deel vun Donen. An 10 Joer ass d\u2019Brudderschaft gewuess an zielt haut 45 Memberen, d\u00e9i meescht vun hinne sinn nach an der Ausbildung. Aacht Bridder liewen haut zu L\u00ebtzebuerg, sechs dovunner sinn a Formatioun. Enn 2022 huet d\u2019Fraternit\u00e9it am neie Foyer Saint-Paul II, dee vum <em>Kierchefong<\/em> um Belval gebaut gouf, en neit Doheem fonnt.<\/p>\n<ul>\n<li><span style=\"color: #a09958;\">De <span style=\"font-size: 14pt;\"><strong>spirituellen Zentrum um Cents<\/strong><\/span><\/span>mat 23.553\u20ac<\/li>\n<\/ul>\n<p>D\u00e9i kontemplativ an d\u00e9i apostolesch Gemeinschaft vun de Schw\u00ebstere vum \u201cInstitut des Servantes du Seigneur et de la Vierge de Matara\u201d schafft mat a fir d\u2019Familljen. Zanter Mee 2021 assur\u00e9ieren och 3 Priister vum \u201cInstitut du Verbe Incarn\u00e9\u201d hei eng Presenz. De spirituellen Zentrum bitt Formatiounen un: spirituell Exercisen, Katechees, Virbereedung op d\u2019Sakramenter.<\/p>\n<ul>\n<li><span style=\"color: #a09958;\">D\u2019<\/span><span style=\"font-size: 14pt;\"><strong><span style=\"color: #a09958;\">Renovatioun vun der Kapell vum Christ-Roi<\/span><\/strong><\/span> mat 22.785\u20ac<\/li>\n<\/ul>\n<p>2022 konnt en transparent Gl\u00e4nner an der Kapell ubruecht ginn an d\u2019Elektrescht gouf fr\u00ebsch gemaach.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>D\u00e9i aner Projeten, d\u00e9i 2022 vun den Donatricen an Donateuren \u00ebnnerst\u00ebtzt goufen:<\/p>\n<ul>\n<li><span style=\"color: #a09958;\">D\u2019<strong>Scuola Materna Cattolica Internazionale<\/strong><\/span> mat 52.897\u20ac<\/li>\n<\/ul>\n<p>D\u2019Scuola Materna ass eng Spillschoul, d\u00e9i op chr\u00ebschtlech W\u00e4erter bas\u00e9iert an d\u00ebs verm\u00ebttelt.<\/p>\n<ul>\n<li><span style=\"color: #a09958;\"><strong>Adveniat<\/strong><\/span> mat 29.845\u20ac am Joer 2022<\/li>\n<\/ul>\n<p>Adveniat \u00ebnnerst\u00ebtzt e L\u00ebtzebuerger Missionar, deen op spirituellem a sozialem Plang aarme Poren am Chile an a Brasilien h\u00eblleft.<\/p>\n<ul>\n<li><strong><span style=\"color: #a09958;\">Karibuni<\/span><\/strong> mat 24.210\u20ac<\/li>\n<\/ul>\n<p>Karibuni engag\u00e9iert sech zu Gonschte vun enger ganzheetlecher Integratioun vu jonke Fl\u00fcchtlingen hei zu L\u00ebtzebuerg.<\/p>\n<ul>\n<li><span style=\"color: #a09958;\">D\u2019<strong>Haus I\u00f1igo<\/strong><\/span> mat 11.580\u20ac<\/li>\n<\/ul>\n<p>D\u2019Haus I\u00f1igo ass en Uert, fir Kraaft ze sch\u00e4ffen an am Glawen gest\u00e4erkt ze ginn, en Uert vu Beg\u00e9inung, Engagement an Austausch an der Stad L\u00ebtzebuerg.<\/p>\n<ul>\n<li><span style=\"color: #a09958;\">D\u2019<strong>Weltjugenddeeg 2023<\/strong><\/span> mat 6.750\u20ac<\/li>\n<\/ul>\n<p><a href=\"https:\/\/irmine.lu\/lu\/joresrapport-2022\/logo-2-2\/\" rel=\"attachment wp-att-37105\"><img decoding=\"async\" class=\"wp-image-37105 alignleft\" src=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/logo.png\" alt=\"\" width=\"80\" height=\"90\" srcset=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/logo.png 280w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/logo-267x300.png 267w\" sizes=\"(max-width: 80px) 100vw, 80px\" \/><\/a>D\u2019Weltjugenddeeg (JMJ) fannen am August 2023 zu Lissabon statt. Et ass d\u00ebst en Treffe vu Jonken aus aller Welt mam Poopst. Et ass och eng Pilgerfaart, e Jugendfest, en Ausdrock vun der Weltkierch an e wichtege Moment fir Evangelis\u00e9ierung fir d\u00e9i Jonk.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Fir d\u00ebs Projete goufen am Laf vum Joer insgesamt 17.256\u20ac gespent:<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<ul>\n<li><span style=\"color: #a09958;\">De <strong>Fong fir d\u00e9i Krank<\/strong><\/span>, deen d&#8217;Partizipatioun vun de kranke Pilger un der di\u00f6zesaner Wallfaart op Lourdes \u00ebnnerst\u00ebtzt.<\/li>\n<li><span style=\"color: #a09958;\">D\u2019<strong>ACFL \/ Fraen a Mammen<\/strong><\/span>, e grousse Mouvement vu Fraen a Mammen, d\u00e9i an der Kierch an an der Gesellschaft engag\u00e9iert sinn.<\/li>\n<li><span style=\"color: #a09958;\">D\u2019<strong>weltw\u00e4it Gebietsnetz vum Poopst<\/strong><\/span>; zanter 2022 sinn de Michele an d\u2019Isabella Camposeo d\u2019Coordinateure fir L\u00ebtzebuerg.<\/li>\n<li><span style=\"color: #a09958;\"><strong>Thumos<\/strong><\/span>, e Projet vun der Fraternit\u00e9 Verbum Spei, deen am Kader vum neie Foyer Saint Jean-Paul II Studenten aus L\u00ebtzebuerg, aus Europa an doriwwer eraus oph\u00eblt, d\u00e9i eng missionaresch Erfarung am Kader vun der Uni um Belval maache w\u00ebllen.<\/li>\n<li><span style=\"color: #a09958;\">D\u2019<strong>Europa Scouten vu L\u00ebtzebuerg<\/strong><\/span>, eng Scoutsbeweegung, d\u00e9i komplement\u00e4r zur Famill eng kathoulesch Formatioun bitt.<\/li>\n<li><span style=\"color: #a09958;\">D\u2019<strong>LSRS<\/strong><\/span>, d\u00e9i Fonge sicht fir e spezifesche Forschungsprojet, seng \u00ebffentlech Aktivit\u00e9iten, Publicatiounen, Evenementer a seng allgemeng Missioun.<\/li>\n<\/ul>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>D&#8217;Fondatioun w\u00ebll och all deenen Donatricen an Donateure villmools Merci ze soen, d\u00e9i d\u2019Fondatioun w\u00e4rend dem leschte Joer mat Donen ouni speziellen Zweck \u00ebnnerst\u00ebtzt hunn. E groussen Deel vun d\u00ebse Fongen goufen an d\u00ebs Projeten invest\u00e9iert: Zukunftsfong, T\u00ebleesmass, spirituellen Zentrum vum Cents, Fong fir d\u00e9i Krank (fir d\u2019Pilgerrees op Lourdes 2023) a fir d\u2019Wierk \u201cEntraide d\u2019\u00e9glise\u201d zu Gonschte vun der Kierch an der Ukrain.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p><span style=\"color: #004b87; font-size: 14pt;\"><strong>Promotioun an \u00cbffentlechkeetsaarbecht<\/strong><\/span><\/p>\n<p>2022 gouf mark\u00e9iert vum Depart vum Antoine Wagner an d\u2019Pensioun a vun der Arriv\u00e9e vu senger Nofollgerin Marie-Ange de Savignac als Missiounsbeoptraacht vun der St\u00ebftung.<\/p>\n<p>Fir sech op verschiddene Supporten ze positionn\u00e9ieren huet d\u2019Fondation verschidde Projetsresponsabel getraff, Fotoe vun de Projeten an Informatiounen iwwer hir pastoral Aarbecht gesammelt a publiz\u00e9iert.<\/p>\n<p>Am Mee gouf eng nei Brosch\u00fcr ver\u00ebffentlecht, fir d\u00e9i verschidde Projeten, d\u00e9i a Kooperatioun vun de Projetspartner realis\u00e9iert ginn, virzestellen.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/irmine.lu\/lu\/joresrapport-2022\/couverture-brochure-10ans-2\/\" rel=\"attachment wp-att-37109\"><img decoding=\"async\" class=\"wp-image-37109 alignleft\" src=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/couverture-brochure-10ans.jpg\" alt=\"couverture brochure FSI 10ans\" width=\"172\" height=\"122\" srcset=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/couverture-brochure-10ans.jpg 1123w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/couverture-brochure-10ans-300x212.jpg 300w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/couverture-brochure-10ans-1024x725.jpg 1024w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/couverture-brochure-10ans-768x544.jpg 768w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/couverture-brochure-10ans-958x678.jpg 958w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/couverture-brochure-10ans-400x283.jpg 400w\" sizes=\"(max-width: 172px) 100vw, 172px\" \/><\/a>Bei Gelee\u00ebnheet vum 10. Gebuertsdag vun der St\u00ebftung gouf am Oktober eng weider, m\u00e9i grouss Brosch\u00fcr publiz\u00e9iert. Op enger doze S\u00e4ite ginn hei d\u2019Projete vun der Fondatioun un Hand vu gemeinsame W\u00e4erter present\u00e9iert: ophuelen an \u00ebnnerst\u00ebtzen, s\u00e4i Glawe liewen, Laien a Priister form\u00e9ieren, weiderginn, beg\u00e9inen an deelen, d\u2019Zukunft virbereeden. D\u00ebs Brosch\u00fcr, d\u00e9i Dir op einfach Ufro hi kritt, gouf u m\u00e9i w\u00e9i 9.000 Donatricen an Donateure vun der Fondatioun gesch\u00e9ckt.<\/p>\n<p>D\u2019Fondatioun huet eng Presenz an de sozialer Netzwierker via d\u2019S\u00e4ite <a href=\"https:\/\/irmine.lu\/lu\/joresrapport-2022\/reh2lb\/\" rel=\"attachment wp-att-37120\"><img decoding=\"async\" class=\"wp-image-37120 alignright\" src=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/ReH2LB.jpg\" alt=\"\" width=\"299\" height=\"169\" srcset=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/ReH2LB.jpg 1434w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/ReH2LB-300x170.jpg 300w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/ReH2LB-1024x579.jpg 1024w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/ReH2LB-768x434.jpg 768w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/ReH2LB-958x542.jpg 958w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/ReH2LB-400x226.jpg 400w\" sizes=\"(max-width: 299px) 100vw, 299px\" \/><\/a>vum \u00c4erzbistum. D\u2019Zil ass et e m\u00e9i jonke Public vun Donateuren ze ereechen, d\u2019Visibilit\u00e9it vun der St\u00ebftung ze vergr\u00e9isseren a vun hire Projeten a Besoinen ze schw\u00e4tzen.<\/p>\n<p>D\u2019Internets\u00e4it <a href=\"http:\/\/www.irmine.lu\">www.irmine.lu<\/a> ver\u00e4nnert sech st\u00e4nneg duerch d\u2019Nouvellen op der Homepage. D\u00ebs Aktualit\u00e9ite ginn de Projeten eng St\u00ebmm a Visibilit\u00e9it an \u00ebnnerstr\u00e4ichen d\u2019Proximit\u00e9it vun den Aktiounen.<\/p>\n<p>Am Kader vun hiren 10 Joer hat d\u2019Fondatioun e Gebuertsdagslogo entw\u00e9ckelt, dee sech zanter der Rentr\u00e9e op alle Supporte er\u00ebmf\u00ebnnt.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/irmine.lu\/lu\/joresrapport-2022\/dscf1794-2\/\" rel=\"attachment wp-att-37082\"><img decoding=\"async\" class=\"wp-image-37082 alignleft\" src=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/DSCF1794-scaled.jpg\" alt=\"\" width=\"299\" height=\"199\" srcset=\"https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/DSCF1794-scaled.jpg 2560w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/DSCF1794-300x200.jpg 300w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/DSCF1794-1024x683.jpg 1024w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/DSCF1794-768x512.jpg 768w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/DSCF1794-1536x1024.jpg 1536w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/DSCF1794-2048x1365.jpg 2048w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/DSCF1794-958x639.jpg 958w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/DSCF1794-600x400.jpg 600w, https:\/\/irmine.lu\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/DSCF1794-400x267.jpg 400w\" sizes=\"(max-width: 299px) 100vw, 299px\" \/><\/a><\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>D\u2019Ekipp vun der Fondatioun, \u00ebnnerst\u00ebtzt vum Personal vum Bistum, hat den 9. November 2022 en Evenement am B\u00ebschofshaus organis\u00e9iert fir d\u2019Membere vum Verwaltungsrot, d\u2019Projetsresponsabel, Mataarbechter vum Bistum, Membere vun de Kierchefabricken an eng Partie reegelm\u00e9isseg Donateuren an Donatricen an d\u00e4r, d\u00e9i sech besonnesch gener\u00e9is gewisen hunn. D\u00ebsen Owend, un deem ronn 120 Leit deelgeholl hunn, ass an enger ganz fr\u00ebndschaftlecher Atmosph\u00e4r verlaf a war zugl\u00e4ich en Ausdrock vun Dankbarkeet fir d\u00ebs 10 Joer.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p><span style=\"color: #004b87; font-size: 14pt;\"><strong>Aktiounsplang fir 2023<\/strong><\/span><\/p>\n<p>D\u2019Ekipp vun der Fondatioun setzt 2023 hir Efforte fort, fir d\u2019Projete vum Bistum a vun hire Partner ze promouv\u00e9ieren, a baut hir Kommunikatiounsm\u00ebttel nach aus. Nieft der konstanter Weiderentw\u00e9cklung vun der Internets\u00e4it w\u00e4ert eng nei Brosch\u00fcr virbereet gi fir 2023\/2024.<\/p>\n<p>Am Kader vun den 10 Joer vun der Fondatioun g\u00ebtt den 19. M\u00e4erz 2023 eng Danksagungsmass gefeiert. D\u00ebs T\u00ebleesmass g\u00ebtt live iwwerdroen aus der neier Kapell vum Foyer Saint Jean-Paul II um Belval. Eng Kommunikatioun un all Donatricen an Donateure vun der \u201cT\u00ebleesmass\u201d ass virgesinn am Virfeld vun d\u00ebsem Gottesd\u00e9ngscht.<\/p>\n<p>D\u2019Ekipp vun der Fondatioun, \u00ebnnerst\u00ebtzt vun de Membere vum Verwaltungsrot, w\u00e4ert iwwer Aktiounen nodenken, d\u00e9i 2023 an an de Joren dono \u00ebnnerholl solle ginn, fir dem Zukunftsfong m\u00e9i eng grouss Visibilit\u00e9it ze ginn an nei Donateuren ze sensibilis\u00e9ieren fir d\u00ebst wichtegt Uleies vun der Kierch.<\/p>\n<p>Am Kader vun engem \u00ebmmer nach schwierege wirtschaftleche \u00cbmfeld w\u00e4ert d\u2019Fondatioun seng Efforte weiderf\u00e9ieren, fir d\u00e9i beschtm\u00e9iglech Placementer (an ouni Risiken) fir seng Avoiren ze fannen, fir esou Z\u00ebnsen ze gener\u00e9ieren, d\u00e9i dem Objet vun der St\u00ebftung nees zegutt kommen.<\/p>\n<p><span style=\"color: #004b87;\"><strong>De Verwaltungsrot an d\u2019administratiivt Personal vun der Fondatioun soen allen Donateuren an Donatrice vu ganzem H\u00e4erz e grousse Merci fir hir w\u00e4ertvoll \u00cbnnerst\u00ebtzung am Laf vum Joer 2022!<\/strong><\/span>[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row]<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>[vc_row][vc_column][vc_column_text]Aktivit\u00e9itsrapport 2022 \u201cVirun 10 Joer hu mir verschidde pastoral Projete vun der kathoulescher Kierch zu L\u00ebtzebuerg \u00c4rer Generosit\u00e9it uvertraut, andeems datt mir d\u2019Fondatioun Sainte-Irmine gegr\u00ebnnt hunn, d\u00e4r hiert \u00e9ischt Zil et ass, d\u2019pastoral Entw\u00e9cklung vun der Kierch ze f\u00ebrderen an innovativ Projeten ze \u00ebnnerst\u00ebtzen. Zanter hier ass d\u2019St\u00ebftung kontinu\u00e9ierlech gewuess \u2013 d\u00ebst dank \u00c4rer H\u00ebllef, l\u00e9if Donatricen, l\u00e9if Donateuren. Dofir e ganz h\u00e4erzleche Merci! D\u2019Kierch vu muer brauch eis all!\u201d Kardinol Jean-Claude Hollerich, President vun der Fondatioun Sainte-Irmine &nbsp; 2022 huet d\u2019Fondatioun hiren 10. Gebuertsdag gefeiert: den 30. November 2012 gouf an engem Arr\u00eat\u00e9 grand-ducal, dee vum Justizminist\u00e8re ausgestallt gouf, d\u2019Schafung vun der Fondatioun erlaabt, d\u00e9i offiziell den 9. November 2012 constitu\u00e9iert gi war. W\u00e4rend dem Exercice 2022 huet d\u2019Fondatioun am ganzen 2.040.832\u20ac gesammelt, g\u00e9intiwwer 1.521.014\u20ac am Joer 2021, wat enger Erh\u00e9ijung vun den Done vu 34% entspr\u00e9cht. Um Niveau vun de Recette war 2022 dat beschte Joer vun der St\u00ebftung s\u00e4it hirer Gr\u00ebnnung; d\u00ebst exzellent Resultat ass zum Deel op zwou Ierfschaften a verschidde besonnesch grouss Donen, d\u00e9i am Laf vum Joer erakomm sinn, zr\u00e9ckzef\u00e9ieren. D\u2019Fondatioun huet am ganze 5.325 Done krut, an dob\u00e4i m\u00e9i Donateuren an Donatricen erreecht w\u00e9i 2021 (2.875 Donateuren 2022 g\u00e9intiwwer 2.621 am Joer 2021). D\u2019Fondatioun freet sech iwwer d\u00e9i m\u00e9i grouss Generosit\u00e9it vun den Donateuren, \u00ebnnert anerem fir d\u2019Wierker vu MISSIO \u2013 dank enger Ierfschaft \u2013 a fir d\u2019Restaur\u00e9ierung vun der Uergel an der Kathedral. Och den Zukunftsfong koum an de Genoss vun enger Ierfschaft. &nbsp; Nei Projeten, d\u00e9i 2022 lanc\u00e9iert goufen 2022 war e Joer, andeem d\u2019Fondatioun Sainte-Irmine sech weiderentw\u00e9ckelt huet. 4 nei Projeten konnt d\u2019Fondatioun ophuelen. Am Mee hunn d\u2019Bridder vu Verbum Spei 2 nei Projete gestart: d\u2019Formatioun vun de Bridder vun der Brudderschaft an Thumos fir d\u2019Missioun um Unicampus um Belval. Am Juli du war et un der Gemeinschaft vum Christ-Roi, fir mat dem Haus I\u00f1igo en neie Projet ze lanc\u00e9ieren, d\u00ebst ass en Uert, deen direkt un d\u2019Kapell um Belair uschl\u00e9isst an eng Partie pastoral Aktivit\u00e9iten \u00ebnnert engem Daach vereent. Och zanter Juli g\u00ebtt et e Projet vun der LSRS (Luxembourg School of Religion &amp; Society) fir d\u2019\u00cbnnerst\u00ebtzung vun den Formatiouns- a Rechercheaktivit\u00e9iten um Site vum Centre Jean XXIII. Projeten, d\u00e9i 2022 ofgeschloss konnte ginn Esch 2022 mat 53.222\u20ac a 4 Joer. De Projet Esch 2022 \u2013 Zesummen, wann och verschidden, deen am Kader vun Esch 2022 \u2013 europ\u00e4esch Kulturhaaptstadorganis\u00e9iert gouf, huet et erlaabt, d\u2019Liewen, d\u2019Kultur an d\u2019Dynamik vun der kathoulescher Kierch an hir Verbonnenheet mat der lokaler Populatioun ze weisen an d\u2019Zesummenaarbecht mat den anere Glawensgemeinschaften ze \u00ebnnerstr\u00e4ichen. Concerten, Konferenzen, eng interreli\u00e9s Feier, e solidaresche Maart a Visitte vu Kierchen: d\u00e9i s\u00ebllechen Evenementer hunn zu engem sch\u00e9ine Bild vun der Kierch zu Esch-Uelzecht b\u00e4igedroen, d\u00ebst dank enger ganz dynamischer Organisatiounsekipp. &nbsp; D\u2019Uergel vun der Kathedral gouf 2022 mat 73.344\u20ac zu Gonschte vun der Fondatioun Sainte-Irmine \u00ebnnerst\u00ebtzt. E Samschdeg, de 26. November, no Aarbechte vun zwee an engem halwe Joer, konnt de Kardinol Jean-Claude Hollerich d\u2019Haupt-Uergel seenen; duerno huet den Olivier Latry, Titularorganist vun Notre-Dame zu Par\u00e4is, den \u00e9ischte Concert gespillt, d\u00ebst an der Presenz vum Grand-Duc Henri an enger ganzer Partie \u00c9iereg\u00e4scht. De Projet vun der Uergel ass dee [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":8,"featured_media":0,"parent":0,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"footnotes":""},"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/irmine.lu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/37077"}],"collection":[{"href":"https:\/\/irmine.lu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/irmine.lu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/irmine.lu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/users\/8"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/irmine.lu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=37077"}],"version-history":[{"count":11,"href":"https:\/\/irmine.lu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/37077\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":37660,"href":"https:\/\/irmine.lu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/37077\/revisions\/37660"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/irmine.lu\/lu\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=37077"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}