Twittere mat Gott

Twittere mat Gott

Tweeting with GOD ass an d’Liewe geruff ginn, fir e richtegen Dialog mat jonke Leit ze féieren, besonnesch iwwer Froen, déi si sech iwwer hiert Liewen, iwwer Gott an de Glawe stellen. Wäit ewech vun all Form vun Indoktrinatioun ass d’Zil vun Twittere mat GOTT, jonke Leit ze hëllefen, hir eegen Äntwerten op hir Froen ze fannen, an dobäi och d’Grënn z’entdecken, firwat de Glawen hinnen an hirem Liewen hëllefe kann.

E Buch mat dëse Froen an den Äntwerte vun de Jonke vun haut gouf a méi wéi 25 Sprooche publizéiert. Sozial Medie wéi Facebook an Instagram an och Videoe spillen eng weesentlech Roll an der Kommunikatioun vun “Tweeting with GOD”. Dobäi komme vill Fräiwëlleger, déi online an offline schaffen, fir nei Generatiounen an e globalen Dialog iwwer Liewen a Glawen anzebezéien. Viru kuerzem gouf en neie Projet “Online mat Hellegen” gestart, deen doranner besteet, zesumme mat den Hellegen Äntwerten op all Glawensfroen ze sichen.

Mir kënnen dëst net eleng maachen: Mir brauchen Är Hëllef, fir déi jonk Generatiounen z’erreechen an hinnen ze hëllefen, d’Schéinheet vum Glawen an d’Wichtegkeet vu Gott an hirem Liewen z’entdecken! De Mgr. Hollerich recommandéiert perséinlech dësen Outil fir all jonk Leit. All Don gëtt integral genotzt, fir d’Ziler vun Twittere mat GOTT z’erreechen. Merci, datt Dir de Père Michel Rémery an d’Ekipp vun “Tweeting with GOD” ënnerstëtzt, fir d’Welt e Stéck ze veränneren.

Wann Dir en Don zu Gonschte vum Projet “Twittere mat GOTT” vu 50 € oder méi maacht, kritt Dir als Kado en Exemplaire vum Buch , entweder op Däitsch (DE), Franséisch (FR) oder Englesch (EN).

Zéckt net a leescht Äre Bäitrag, andeems Dir op “Maacht en Don” hei riets klickt.

Gitt wgl. an der Kommunikatioun “Livre / Tweeter avec Dieu” fir déi franséisch Versioun ze kréien un resp. “Buch / Twittern mit Gott” fir déi däitsch Versioun oder “Book / Tweeting with God” fir déi englesch Editioun. D’Buch gëtt bei Iech heem geschéckt.

D’Buch ass an 12 Sproochen ze kréien: Wann Dir eng Bestellung maache wëllt, da kontaktéiert eis wgl. iwwer info@irmine.lu

Fir all aner Informatioun kuckt hei:

Père Michel REMERY

“Am Déngscht vum Dialog mat de Jonken”

Montant à collecter:

65.000 €

MENTIOUN VUM DON: TWITTERE MAT GOTT

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.