Mexiko 2021

Mexiko 2021

Wéinst der Pandemie huet dës Rees op e spéideren Zäitpunkt misse verluecht ginn.

Op Demande vum Mgr. Jean-Claude Hollerich organiséiere mir vun der Gemeinschaft Verbum Spei fir 50 Jonker vu Lëtzebuerg an aus dem Ausland eng Pilgerrees mat enger staarker missionarescher Dimensioun a Mexiko. Am Zentrum vun dëser Rees steet d’Organisatioun vun Aktivitéite fir Kanner, Jonker an eeler Persounen an Aarmevéierel. D’Besoinen an dëse Quartiere (vum Typ favelas, déi mir gutt kennen an an deene mir zanter 2003 aktiv sinn, sinn immens grouss. Konkreet geet et ëm d’Véierel Omega, la Gloria (Stad vu Saltillo-Coahuila) a Canadas del Mirador (Stad vu Ramos Arizpe-Coahuila).

Beschreiwung vun der Missioun:

  • Mir wäerten zesumme mat verschiddene lokalen Associatioune schaffen: Association Agape Omega A.C., Caritas de Saltillo A.C., an der lokaler Banque alimentaire (Banco de alimentos de Saltillo A.C.). An dësem Kontext bedeelege mir eis un der Virbereedung vun Iesse fir déi Äermst an de Gemeinschaftskichen a mir deelen d’Iessen aus mat der Hëllef vun de lokale Verantwortlechen.
  • Mir wäerten edukativ a Fräizäitaktivitéite mat Kanner (vu 5 bis 11 Joer), déi sech dacks selwer an de Stroossen iwwerlooss sinn, organiséieren.
  • Mir hëllefen der Associatioun Agape Omega A.C. (déi vun de Bridder vu Verbum Spei gegrënnt gouf), déi zanter méi wéi 15 Joer op dësem Gebitt schafft, fir Jonke vun 12 bis 18 Joer Summercoursen (Englesch, Mathematik, Informatik) ze ginn.
  • Mir besiche Mënsche mat enger Behënnerung an eeler Leit, fir hinnen an hirer Nout an an hirem Elengsinn bäizestoen, an, do wou et méiglech ass, eng materiell Hëllef ze ginn.
  • Mir plangen e groussen Dag vun Hoffnung fir e Sonndeg, den 9. August, an erliewen zesummen e spirituelle Moment a Fräizäitaktivitéiten.

Déi Jonk, déi mat op dës Rees a Mexiko ginn, gi forméiert an engem missionaresche Geescht a wäerte ganz verschidden Erfarungen erliewen, déi se an hirer mënschlecher a chrëschtlecher Entwécklung stäerken.

Bei dësem Projet geet et virun allem drëms, déi Jonk z’ënnerstëtzen, déi un dësem missionaresche Projet deelhuele wëllen awer net genuch Eegemëttelen hunn (30.000 Euro).

Doriwwer eraus sinn och Aktivitéite virgesinn, fir datt déi Jonk am Virfeld selwer Sue sammelen, fir datt dës Rees en Erfolleg gëtt.

KONTAKT / RESPONSABEL

Verbum Spei Luxembourg
Père Wandrille Sevin

verbumspeilux@gmail.com

Missionaresche Camp a Mexiko
2021

Montant à collecter:

30.000 €

Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 5,00€

MENTIOUN VUM DON: MEXIKO 2021

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

All Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.