Am Kader vum 10. Gebuertsdag vun der Fondatioun gëtt d’Tëleesmass dëse Sonndeg aus der neier Kapell vum Foyer Saint Jean-Paul II um Belval iwwerdroen. De Weibëschof Mgr Leo Wagener steet der Feier vir. D’Mass gëtt gehale fir all lieweg a verstuerwen Donatricen an Donateure vun der Fondatioun Sainte-Irmine.
D’musikalesch Gestaltung vun der Feier läit an den Hänn vu Bridder vun der Fraternité Verbum Spei (Fr. Alban, Fr. Augustin, Fr. Raphaël), déi sech um Site vum Belval ëm d’Studentepastoral këmmeren, a vu Membere vun der Famill Camposeo (Diakon Michele, Emanuela, Rosamaria a Gabriele). D’Isabella an de Michele Camposeo sinn hei zu Lëtzebuerg d’Koordinatore vum weltwäite Gebietsnetz vum Poopst.
Feiert mat eise dëse Sonndeg live um 9 Auer op .dok an um Live-Stream op cathol.lu oder um 11 Auer op RTL ZWEE!
Dir fannt de Video vun der Tëleesmass ënnert dësem Link.
D’Texter vun de Lidder fannt Dir hei op eisem Lidderblat.
Dir kënnt déi verschidde Projeten ënnerstëtzen:
– Tëleesmass
– Formatioun vun de Bridder vu Verbum Spei
– Weltwäit Gebietsnetz vum Poopst