Blog

10 Joer vun der Fondatioun Sainte-Irmine

Zanter 10 Joer am Déngscht vun der Kierch a vun eise Matmënschen

D’Fondatioun Sainte-Irmine huet Gebuertsdag gefeiert

Bei Geleeënheet vum 10. Gebuertsdag vun der Fondatioun Sainte-Irmine hat de Kardinol Jean-Claude Hollerich, President vun der Stëftung, den 9. November op eng Receptioun an d’Bëschofshaus invitéiert. Viru ronn 120 Invitéën – Donatricen an Donateuren, Vertrieder vun den ënnerstëtzte Projeten, Membere vum Verwaltungsrot a Mataarbechter vum Bistum – huet de Kardinol d’Wichtegkeet vun der Fondatioun, déi am Hierscht 2012 gegrënnt gouf, fir d’pastoral Aufgabe vun der Kierch hei zu Lëtzebuerg ervirgestrach an alle Leit villmools Merci gesot fir hir Ënnerstëtzung. Bis Enn 2021 koumen duerch Donen, Schenkungen an testamentaresch Verfügungen insgesamt 7,3 Milliounen Euro eran fir Projete vum Bistum, vun Associatiounen am kierchleche Milieu, vu reliéise Gemeinschaften a vum Kierchefong.

Haut ënnerstëtzt d’Stëftung méi wéi 20 Projeten an de Beräicher Pastoral, Diakonie, Formatioun a Patrimoine: ACFL, Adveniat, Esch 2022, Europa Scouten, Formatioun vun de Seminaristen, Formatioun vun de Bridder vu Verbum Spei, JMJ 2023, Kapell vum Christ-Roi, Karibuni, Krankefong vu LuxPélé, LSRS, Maison Iñigo, Missio Lëtzebuerg, Reech eng Hand, Restauratioun vun der Uergel an der Kathedral, Scuola Materna Cattolica Internazionale, spirituellen Zenter um Cents, Tëleesmass… Donieft besteet zanter 2015 e “Fonds d’avenir”, deen et der Kierch och an Zukunft erlabe soll, gutt forméiert Geeschtlech a Laien am pastoralen Déngscht kënnen anzestellen. Bis elo si méi wéi 2,3 Milliounen Euro fir dëse Fong erakomm. Ënnerstëtzt gëtt doriwwer eraus och reegelméisseg de Kierchefong (Kierchefabricken a Poren).

Um Uschloss un d’Ried vum Kardinol huet de Generalsekretär Roger Nilles den Historik vun dësen zeng Joer gemaach an no vir gekuckt. A senger Ried huet hien ënnert anerem betount, datt d’Fondatioun Sainte-Irmine déi eenzeg Stëftung ass, déi am Déngscht vun der Kierch selwer an hire verschiddenen Initiative steet an déi fir ganz verschidde Kategorie vu Leit do ass: fir Jonker a Familljen, Erwuessener, déi am Glawe wuesse wëllen, Seminaristen an der Ausbildung, Pilger, Leit, déi sech fir de Patrimoine asetzen, krank an eeler Matmënschen, Mënschen op der Flucht, déi hei eng nei Heemecht fannen, reliéis Gemeinschaften, a via Missio Lëtzebuerg an Adveniat och fir déi jonk Kierchen a sou genannten Entwécklungslänner.

No engem Interlude musical vum Michele Camposeo vum “Weltwäite Gebietsnetz vum Poopst” hunn e puer Projetsresponsabel hir Projete kuerz virgestallt: de Chanoine Georges Hellinghausen (Projet “Tëleesmass”), d’Marie-Christine Ries an d’Monique Kass (Projet “Reech eng Hand”) an den Doumorganist Paul Breisch (Projet “Restauratioun vun der symphonescher Uergel an der Kathedral”). Mat enger Receptioun, wärend där d’Donateure sech mat de Projetsresponsabel austausche konnten, gouf déi sympathesch Feier ofgeschloss.

Presentéiert gouf och déi nei Broschür “Mat Iech. Fir Iech. Zanter 10 Joer”, déi an dësen Deeg och un all Donatricen an Donateure vun der Stëftung verschéckt gëtt. Dir kënnt se gäre bei der Fondatioun Sainte-Irmine bestellen: info@irmine.lu

Méi Informatiounen zur Fondatioun fannt Dir op www.irmine.lu

Wann Dir d’Projete vun der Fondation Sainte-Irmine ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir dat maache mat engem Don op de Kont: CCPL LU64 1111 7017 0305 0000 oder via dëse Link: https://irmine.lu/donations/dons-libres/ .

Am Numm vun alle Beneficiairen: Villmools Merci am Viraus fir Är Generositéit!

Roger NILLES
roger.nilles@cathol.lu